De BMW Auto Club Lëtzebuerg ass den 10. Juni 1985 gegrënnt gin an zielt
  am Moment 95 Memberen. Mir sin eng Verénegung ouni Gewënnzweck.
  Eise Sëtz ass am Parc-Hotel zu  Dummeldeng. Eise Club ass un de
  BMW Club Europa e.V. zu München ugegliedert.
 

  Dem Club säin Haaptziel léit do dran all BMW-Chauffeuren am Kader vun
 frëndschaftlechen Aktivitéi'ten zesummen ze féi'eren. Jiddereen deen e BMW
 fiert, ass an eisem Club häerzlech  wëllkëmm.
 

  Mir hun iwert Joër eng ganz Reih vun interessanten Aktivitéi'ten, fir déi eis
 Memberen jeweils vum Komitee ugeschriwwen resp. invitéi'ert gin.

  Op der nächster Séit fand Dir de Programm vun dësem Joer an op der leschter en
 Umeldeformulaire,  deen Dir per Post bei eise Präsident
 

                                                  HELLENBRAND  Jos.
                                                  7, rue de Munsbach
                                                  L-6941  NIEDERANVEN
 

 oder als E-Mail schécken kënnt.

 Weider Renseignementer kritt Dir och gär ënner der Telefonsnummer  34 03 92
 oder um  691 799 545  oder um  691 162 742.

                                   e-mail  :  info@bmwautoclub.lu

                                                               Fotogallery